Är Gesondheet vertraut Dir ärem Dokter un.

Hie verschreift Iech d’Analyse fir erauszefannen, wat Dir hutt,
hie gëtt Iech d’Medikamenter, fir Är Krankheet ze behandelen.


Géing Dir et gutt fannen, wann een, deen Iech net kennt, Ärem
Dokter géif virschreiwen, wéi eng Analysen a wéi eng Behandlung
hien iech ubidden kann ?


Genee dat ass awer am neie Spidolsgesetz virgesinn.
Et ass virgesinn, dass de Gestionnaire vum Spidol, an deem Dir
behandelt gitt, Ärem Dokter ka soen, wéi en Traitement en dierf
maachen, ouni dass Ärem Dokter seng Meenung zielt. Fréier oder
spéider féiert dat derzou, dass Dir net méi di beschtméigelech
Behandlung fir Är Krankheet kritt, mee di méi bëlleg.
Sech em d’Gesondheet vun de Leit këmmeren, ass eise Beruff.
D’Dokteren musse kenne mat decidéieren, wann et em de Patienten
hiert Wuel geet.

flyer

Articles similaires