Oppene Bréif un eis Patienten

 

 

 

Léif Patientin,
Léiwe Patient,

 


Dir frot Iech bestëmmt firwat d'Doktere sech zënter e puer Méint esou opreegen a sech an der
Zeitung an op der Tëlee iwwert d'Gesondheetsministesch beschwéieren. D'Hannergrënn si
komplizéiert an awer einfach ze verstoen. Et kann een d'Situatioun folgendermoossen
zesummefaassen:


D'Gesondheetsministesch wëllt hei am Land eng Staatsmedezin aféieren.
D'Kontroll vun dëser Staatsmedezin soll iwwert d'Spideeler ausgeüübt ginn. En falscht Argument vun Käschten- an Qualitéitskontroll gëtt benotzt fir dësen Systemwiessel ze rechtfäerdegen an d'Ëffentlechkeet hannert d'Liicht ze féieren.


Mam Spidolsgesetz wéi d'Gesondheetsministesch et wëllt duerchboxen sollen d'Dokteren an den Spideeler entmëndegt an d'Medezin vun engem staatlech kontrolléierten System gemaach ginn. Net deen qualifizéierten Dokter, deen den Patient sech erausgesicht huet, decidéiert dann iwwert säin Schicksal, mee en allmächtegen an onduerchsichtegen Verwaltungsapparat.


Den Gesetzprojet deen elo an der Chamber läit ass bewosst hannert den Dokteren hirem Réck entstanen an soll genausou bewosst trotz hiren berechtegten Warnungen ëmgesat ginn. Zu kengem Zäitpunkt ass eng ëffentlech Diskussioun iwwert d'Noutwendegkeet, d'Virdeeler an d'Nodeeler vun deenen grondleeënden Verännerungen am Gesondheetswiesen gefouert ginn.


Et gëtt keen Beispill an der Geschicht dat beweist datt méi staatlech Kontroll mat méi Qualitéit an besseren Leeschtungen verbonnen ass. Am Géigendeel, an deenen Länner an deenen et eng Staatsmedezin gëtt, notamment an Groussbritannien, kennen d'Leit weder hiren Dokter nach hier Klinik auswielen an mussen dobäi och nach immens laang waarden. Dat huet mat Qualitéit näischt ze dinn.


D'Medezin kann net ouni d'Dokteren gemaach ginn. Fir datt d'Dokteren hier Medezin no den Regelen vun der Konscht kennen ausu?ben mussen si kennen decidéieren, wéi se schaffen an woumat se schaffen. Genau dat soll nom Wellen vun der Gesondheetsministesch mam neien Spidolsgesetz net méi méiglech sinn.


D'Dokteren wieren sech haut fir datt si muer nach kennen eng onofhängeg Qualitéitsmedezin um héchsten internationalen Niveau ubidden, zu där jiddwereen Zougang huet ouni ze laang mussen ze waarden an ouni mussen ze fäerten eng Nummer an enger grousser Käschtenrechnung vum staatlechen Gesondheetssystem ze sinn.

Et geet net, datt d'Ministesch e Gesetz géint d'Dokteren an hir Patiente mécht. Hannert hirem Réck, ouni mat hinnen ze schwätzen.


Et geet net, datt d'Ministesch an der Ëffentlechkeet falsch Aussoen mécht an de Géigendeel vun deem behaapt, wat si am Gaang ass ze maachen.


Et geet net datt d'Ministesch déi elementar Bezéiung tëscht dem Patient an dem Dokter, déi op fräiem Choix a Vertraue baséiert, wëll stéieren, fir ze kontrolléiere wat gemaach gëtt an domat, wat et kascht.


Et ass wichteg, datt dier, eis Patienten, wësst wat hei geschitt, an wat d'Risiken an d'Konsequenzen vun der haiteger Gesondheetspolitik fir Iech kennen sinn.


Eent ass sécher: d'Dokteren hei zu Lëtzebuerg wäerte keng Tutelle vum Staat an de Spideeler, op deem Gebitt, op deem si eleng kompetent sinn, akzeptéieren: der Medezin. Et gëtt a wäert hei am Land keng Medezin ouni d'Doktere ginn. Dofir sti mir. Dofir wäerte mir kämpfen. Mat alle Mëttelen. Dat si mir Iech, eise Patienten, schëlleg.

 

 

 


Wat bedeit Staatsmedezin?


Et geet am Kär vum Problem dorëm, datt de Staat d'Medezin hei am Land wëllt kontrolléieren, also eng Staatsmedezin bedreiwen, an dobäi den Dokter a säi Patient zu steierbaren Deeler vun dësem System wëllt degradéieren. Des Staatsmedezin soll agefouert ginn, ouni se sou ze nennen, an de Bierger, d'Patienten, sollen am Glawe gelooss ginn, si hätte weiderhin de Choix vun hirem Dokter an der beschter Behandlung.


Dowéinst schwätzt d'Gesondheetsministesch souvill vu Qualitéit, ouni awer ze soen, wat si genau dorënner versteet, ouni ze erkläre wéi staatlech Kontroll a Qualitéit vu medezinesche Behandlunge sollen zesummenhänken.


An esou enger Staatsmedezin bestëmmt den Staat iwwert den Gesondheetsministère an d'Gesondheetskeess wat gutt fir den Patient ass an domat wat den Patient zegutt huet. Den Zougang zu der Gesondheetsversuergung gëtt an der Staatsmedezin vum Staat deen bezilt ageschränkt. D'Zuel vun den Leeschtungen geet erof, d'Waardenzäiten ginn an d'Luucht.


Dem Patient gëtt den Choix geholl an d'Qualitéit vun der Gesondheetsversuergung gëtt net méi onofhängeg beuerteelt.


Wou dat hiféiert gesäit een an Groussbritannien, engem Land dat säit Joerzéngten eng Staatsmedezin huet. D'Waardenzäiten fir wichteg Operatiounen wéi eng Hëftprothees leien bei zwee bis dräi Joer, d'Patienten mussen an déi Klinik an bei deen Dokter goen, deen den nationalen Gesondheetssystem hinnen imposéiert, ouni sech sécher ze sinn, datt do och déi beschten Qualitéit gebueden gëtt. Den Staat behaapt ganz einfach, hien géing déi beschten Qualitéit bidden. Sou wéi eis Gesondheetsministesch.


Et ass bezeechnend am briteschen System datt déi meescht Patienten déi et sech kennen leeschten op eng besser an méi séier accessibel Gesondheetsoffer am Ausland zréckgräifen. Eng Tendenz, déi een hei zu Lëtzebuerg säit enger Zäit och kann observéieren.


De séchere Wee an d'Zwee-Klassen Medezin


D'Kontroll vun der Medezin zu Lëtzebuerg soll iwwert d'Spideeler ausgeüübt ginn. De Staat kontrolléiert jo schonn d'Spideeler iwwert de Spidolsplang an de Spidolsbudget. Elo sollen d'Spideeler och d'Doktere kontrolléieren, fir datt de System gläichgeschallt ka ginn.


Wéi Dir selwer wësst, kënnt een hei am Land bal net laanscht e Spidol wann een e wéineg méi wéi eng Consultatioun beim Dokter brauch. Déi éischt Etappe um Wee an d'Staatsmedezin ass nämlech schonns laang geholl. Kaum e Röntgenbild, kaum eng ambulant Operatioun, déi ausserhalb vum Spidol däerf gemaach ginn. Och dem Dokter säin Equipement a senger Praxis ass limitéiert. Déi spidolszentréiert Medezin wéi se de Bierger hei am Land opgezwonge gëtt, huet sécher näischt mat Confort a Qualitéit ze dinn - däers kënnt Dir Iech vergewësseren, wann der beispillsweis ob en IRM musst waarden. Dat ass esou gewollt. An et ass schwéier, heiranner de Virdeel fir de Patient ze
erkennen. Par contre gëtt et an aaneren europäeschen Länner wéi Däitschland, Frankräich, Eisträich an der Schwäiz zënter laangem och eng villfälteg Offer ausserhalb vun den Spideeler, déi séier zougänglech ass an den héchste Qualitéitsufuerderungen entsprécht. An dobäi net vum Staat kontrolléiert gëtt.

Mam Argument jidderengem deen selwechten Zougang zur Medezin ze erméiglechen féiert d'Kontrollobsessioun vun der staatlecher Gesondheetspolitik onweigerlech an eng richteg Zwee-Klassen Medezin. Well wéi dat an Groussbritannien den Fall ass déijéineg Patienten, déi sech et leeschten kennen, an d'Ausland ginn.


Eng politesch Intrige


Den 8. Januar 2016 huet d'Ministesch en houfregen Interview am Lëtzebuerger Land ginn a gesot, si wär frou, datt deen neie Spidolsplang, no laangem hin an hier, elo endlech als virleefege Gesetzprojet um Dësch géing leien. Am selwechten Interview huet si bemierkt, datt et am Spidolswiesen nach vill weideren Diskussiouns- an Reformbedarf géif, notamment an der Aart a Weis wéi d'Spideeler organiséiert sinn a geleet ginn. Si hätt awer bewosst dorop verzicht, dës Reform am Kader vum Spidolsplang unzegoe well d'Diskussioune ronderëm déi sougenannte Gouvernance gären 3 Joer
kéinten daueren. Gut Ding will Weile haben.


De virleefege Gesetzprojet gouf vun alle Säite kommentéiert. Och d'Dokteren hunn en kriteschen Avis ofginn, besonnesch zu deenen Artikelen, déi eng ongläich Verdeelung vu Basisservicer an alle véier Spideeler am Land mat sech bruecht hätten. Déi Artikelen iwwert d'Gouvernance vun de Spideeler ware par rapport zum aktuelle Gesetz net besonnesch verännert.


Et gouf roueg ëm de Spidolsplang an et huet geheescht, et schafft een elo um definitive Projet. Kee Wuert vun der Ministesch an där Zäit, keng Invitatioun fir iwwert méiglech Ännerungen zum virleefege Projet mat den Dokteren ze schwätzen.


Den 14. Juli, am leschte Regierungsrot virun der grousser Vakanz, gëtt den definitive Gesetzprojet dann ofgeseent a kritt gréng Luucht fir op den Instanzewee geschéckt ze ginn. Interessanterweis kruten d'Regierungsmembere vun der Gesondheetsministesch nëmmen eng kuerz Note mat den Ännerunge vum virleefegen zum definitive Gesetzprojet virgeluecht. Heiranner goung keng Ried vun deene fundamentalen Ännerungen, déi am definitive Projet zur Gouvernance, also der Aart a Weis wéi d'Klinike fonctionnéieren, stinn. Et gëtt awer nach besser: anstatt de Gesetzprojet bei der Chamber ze deposéieren, léisst d'Ministesch dësen de ganze Summer iwwer am Tirang leien. Nëmmen e puer Auserwielter kréien den Text ze gesinn. D'Doktere wëssen nach ëmmer net, wat genau drasteet. An enger kuerzer informeller Entrevue léisst d'Gesondheetsministesch awer duerchblécken, eng Rei Ännerunge kéinten den Doktere net passen. Ufanks September 2016, kuerz éier de Gesetzprojet offiziell deposéiert gëtt, kommen d'Dokteren dann endlech an de Genoss vum offiziellen Text. An deen huet et a sech.


Déi Artikelen iwwert d'Leedung vun den Kliniken, d'Muecht vum Generaldirekter an den Statut vum Dokter hu sech grondsätzlech geännert. Op eemol soll et an de Spideeler en allmächtege Generaldirekter ginn, deem seng Qualifikatioun an Nominatioun komplett onduerchsichteg sinn, deen awer schalten a walte ka wéi hien et fir richteg fënnt. Ouni Géigegewiicht, ouni Kontroll. Ënnert dësem Direkter ginn et weider Direkteren, deenen hir Rollen a Flichten allerdéngs net weider genau definéiert ginn. Iwwert Reglementer a Prozedure kann den Direkter mat senger ënnergeuerdneter
Hierarchie all Beräich vun der Klinik kontrolléieren. Och den Dokter. A säi Patient.

D'Entmëndegung vun den Dokteren (an hiren Patienten)


Den Artikel 35 nämlech gesäit vir, datt d'Doktere sech mussen un all Reglementatioun vun uewen halen, op et ëm de Choix vu Material, Prozeduren an Ofleef am Spidol oder standardiséiert Behandlunge geet: d'Fräiheet vum Dokter, mat sengem Patient zesummen déi beschte Behandlung fir säi spezielle Fall ze fannen an ëmzesetzen, gëtt de facto ofgeschaaft. An elo komme mer erëm op eis Bemierkungen am Ufank zréck: d'Patiente sollen am Gesetzestext hannert d'Liicht gefouert ginn, andeems et heescht, den Dokter soll seng Behandlungsfräiheet, d'liberté thérapeutique, a senger
individueller Relatioun mam Patient behalen!


Wéi soll dat goen? Den Dokter an de Patient bespriechen en Therapieplang, wou festgeluecht gëtt wat gemaach gëtt, wéi et gemaach gëtt a woumat et gemaach gëtt. Nëmmen, beim wéi a beim woumat ass et net méi den Dokter deen entscheet, mee iergendeen Direkter oder Komitee, mat wat wësse mir, wat fir enge Leit dran!


D'Gesondheetsministesch mécht de Geck mat den Dokteren an hire Patienten, wann si behaapt, dem Dokter seng therapeutesch Fräiheet géing net ageschränkt ginn. Karikatural kann een et esou beschreiwen: de Chirurg däerf mam Patient decidéieren, datt eng Operatioun muss gemaach ginn, de Spidolsdirekter decidéiert awer, op en ee Skalpell kritt a wann, da wéi een!


D'Beispiller kënne sech an hirer Absurditéit nëmme steigeren. De Choix vum Medikament, vum Material, also dem Stent, dem Schrittmacher oder der Prothees, gehéiert ontrennbar zur Konscht vum Dokter, et ass en elementare Bestanddeel vun der Medezin, ouni deen de Progrès haut net do wär, wou en ass. Zum Dokter gehéiere seng Instrumenter, ouni si kann hie keng Diagnos stellen a keng Behandlung duerchféieren.


Wéi kann eng Gesondheetsministesch dann nëmmen op déi verréckt Idee kommen, dem Dokter seng fundamental Attributer ofzehuelen an se ënnert dem Deckmantel vun der Qualitéit un eng intransparent Spidolsstruktur weiderginn? Dat huet mat Qualitéit näischt ze dinn. Qualitéit entsteet duerch Transparenz, duerch de Vergläich ënnerteneen, national an international, duerch d'Definitioun vu Qualitéitskritären an de Suivi vun dësen. Der Ministesch hire Gesetzprojet huet net d'Qualitéit vun de Leeschtungen am Spidol zum Ziel. Dofir ass en dat falscht Instrument. Et geet
dorëm ze kontrolléieren, d'Käschten am Gesondheetssystem op d'Käschte vun de Patienten ze reduzéieren, an zwar andeems den Accès zu Diagnosen a Behandlunge limitéiert gëtt.


Et bleift bis haut ze beweisen, wéi méi staatlech Kontroll a manner Leeschtungen zu méi Qualitéit solle féieren. Déi Equatioun ass nämlech nach ni opgaangen, si kann net opgoen.


Wat wëllt d'Gesondheetsministesch?


Ier een ufänkt un alle Schrauwe vum System gläichzäiteg ze dréinen, muss ee mol genau wëssen, wat ee wëllt. Dat ass an der Gesondheetspolitik elementar. An ass bei dësem Gesetzprojet net kloer. Well d'Ministesch et net weess oder eis et net wëllt soen. Béides ass selwecht schlëmm.


Wann d'Gesondheetsministesch eng Staatsmedezin hei am Land wëllt aféieren, da soll si dat soen. An dem Bierger erklären, wat dat fir hie bedeit. Méi laang waarden, manner Leeschtungen, dës awer op deem selwechten, mëttelméissegen Niveau. Oder si soll sech zu eisem Gesondheetssystem, deen esou dacks international gelueft gëtt, bekennen. An domat den Dokteren, déi zesumme mat deenen aaneren Gesondheetsberuffer all Dag hiert Bescht gi fir hir Patienten, dee Respekt entgéintbréngen, dee si hinne schëlleg ass. An d'Méiglechkeete bidden, dëse System weiderzëentwéckelen.

Eent ass sécher: d'Ministesch huet mat hiren Handlungen an hiren Aussoen an deene leschte Méint den Dokteren esou ee Manktem u Respekt entgéintbruecht, datt et schwéier ass, op dësem Wee weiderzegoen.


Et ass un der Zäit dësen Projet ze stoppen, ier Konsequenzen entstinn, déi net réckgängeg ze maachen sinn. Et ass un der Zäit datt d'Gesondheetsministesch all d'Kaarten op den Dësch leet an virun allem den Patienten, deenen vis-à-vis si d'Verantwortung fir d'ëffentlech Gesondheet dréit, d'Wourecht seet. Fir dat ze erreechen reegen mir eis op, fir dat ze erreechen kämpfen mir, an wann et muss sinn, mat allen Mëttelen.

 


D'Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren


Lëtzebuerg, den 1. Mäerz 2017

ammd-logo

Articles similaires