Lieserbréiw vum Dr Philippe Wilmes

Lieserbréiw vum Dr Philippe Wilmes, Vizepräsident vun der AMMD op RTL.lu

De Gesondheetsdësch ass am Gaang. An een Thema gëtt besonnesch diskutéiert: wou a wéi wëllen mer muer hei zu Lëtzebuerg d'Medezin maachen?

Weiderhin ganz am Spidol, vum einfachen Röntgen bis hin zu der komplizéierter Häerzoperatioun, oder dach léiwer an neien Gesondheetsstrukturen ausserhalb vun den Spideeler?

Déi zentral Fro, déi sech den Bierger an Patient an dëser Diskussioun stellen muss, ass: Wiem vertrauen ech meng Gesondheet un? Den Maueren vun engem groussen Gebai? Den Apparaten an deenen Maueren? Oder dach dem Dokter an senger Equipe, déi mech medezinesch behandelen an fir eng besser Gesondheet suergen?
Mee wien ass d’Equipe ? Op 1 Dokter kommen am Spidol an der Moyenne 9 ugestallten Persounen, wouvun den Dokter der 2 bis 3 an der direkter Zesummenaarbecht kennt. Wou all déi aner sinn, ass net kloer. Natierlech brauch al Spidol och eng Botzequipe, en Apdikter, en Informatiker an nach aner Beruffsprofiller, mee d’Verhältnisser stëmmen bei eis net méi. Dofir hunn eis Spideeler haut intern Problemer, mat hirer Féierung a mat de ville Suen déi se verwalten. Grouss Spideeler kaschten de Steierzueler an de Baitragszueler, déi jo meeschtens déi selwecht sinn, vill Suen déi net méi bei de Patienten, also hinnen selwer, ukommen.
An trotzdeem geet et bei der Finanzéierung vun techneschem Material hannen a fir net duer. Dat ass onverständlech, mee leider wouer.
Wann d’Spideeler de Bierger deier kaschten, wichteg medezinesch Apparater al sinn an d’Dokteren an vill aner Gesondheetsberuffer net zefridden sinn: hunn mir dann net den Norden verluer?

Wat gouf an den läschen Méint net alles un falschen Informatiounen an der Ëffentlechkeet gestreet: d'Dokteren wéilten d'Medezin privatiséieren, eis gutt ëffentlech Spideeler aushielegen an mat hiren Aktivitéiten souguer Geschäfter maachen. Dat ass politesch motivéierten Onsënn.
D'Spidolslobby verdeedegt haut en System, deen laang der Vergaangenheet ugehéiert. Haut brauchen d’Patienten dréngend eng nei Perspektiv, eng richteg modern Medezin, an virun allem kompetent an empathesch Dokteren an aner Gesondheetsberuffer. Fir si all muss den System erëm attraktiv ginn.

Déi modern Medezin brauch an villen Fäll keen Spidol méi. Sie kann vun Dokteren an hiren Equipe an klengen, flexibelen, gutt organiséierten Strukturen gemaach ginn, no beim Patient. Spideeler ginn gebraucht, fir an hinnen déi richteg Urgencen ze behandelen, schwéier Akzidenter an schwéier krank Leit, fir déi Medezin méiglech ze maachen, déi ganz deier kascht, ganz speziell Technologien brauch an mat héijen Risiken verbonnen ass. Dat ass hier Missioun, an op déi sollen se sech voll an ganz konzentréieren.
Matt enger neier Organisatioun vun der Gesondheetslandschaft, mat neien Strukturen dobaussen, no beim Patient, an engem neien, transparenten Finanzéierungsmodell, kennen mer et fäerdeg bréngen, eis ëffentlech medezinesch Versuergung op en neien AAA Niveau ze hiewen, dem Patient deen Zougang an déi Qualitéit ze bidden, déi en brauch an verdéngt, an gläichzäiteg d'Käschtenexplosioun an Zäiten vun ongewëssen Finanzlagen an den Greff ze kréien.
Dat ass een vun de groussen Enjeuen vum Gesondheetsdësch.

Wat net geschéien däerf ass en schlechten Kompromëss, deen um Enn vum Dag den Bierger an Patient weiderhin vill kascht an awer net vill bréngt.

Dr. Philippe Wilmes
Vizepräsident vun der AMMD

 

https://www.rtl.lu/meenung/lieserbreiwer/a/1583258.html

ammd-logo