NEE zum Tiers Payant Généralisé. Et geet em Iech an Är Gesondheet

 


Léif Patientin, léiwe Patient,


Esou wéi d’lescht Joer beim Spidolsgesetz hu mir leider och dëst Joer nees e Grond, mat Iech iwwert Gesondheetspolitik ze schwätzen.


Et geet em d’Petitioun 922 zum « tiers payant généralisé ».


De Prinzip vum « tiers payant généralisé » ass, datt bei enger Dokteschbehandlung an der Praxis oder am Spidol
Är Rechnung zum groussen Deel direkt vun der Gesondheetskees iwwerholl gëtt, an Dier just deen Deel direkt bezuele musst, deen d’CNS net erëmbezilt.


Déi Méiglechkeet besteet zum Deel schonn haut, mam « tiers payant social » fir Leit mat niddregem Akommes oder mam « tiers payant volontaire » fir héich Rechnunge bei engem Spidolsopenthalt.
Et ass fir eis Doktere selbstverständlech, datt kee Patient just wéinst finanzielle Grënn vun enger Consultatioun oder Behandlung ofgehalen däerf ginn. Am bestoende System gëtt et sécher Verbesserungsméiglechkeeten, fir alle Leit den Zougang zu noutwendege Consultatiounen a Behandlungen ze erméiglechen.


Op den éischte Bléck schéngt den « tiers payant généralisé » duerchaus kamoud : Als Patiente braucht Dir nëmmen nach en Deel vun ärer Rechnung direkt ze bezuelen, als Dokteren hu mir, ausser bei bürokrateschen Iertemer a Verzögerunge säitens der Kees, Enn des Mounts e garantéiert Akommes. Well d’Gesondheetskeess zwar vill, mee nach laang net alles bezilt, wäert Dier als Patient och beim « tiers payant généralisé » är Rechnunge weiderhi versuergen a klasséiere musse fir se un eng eventuell Zousazkrankekeess schécken ze kennen. D’Prozedure wäerte fir Iech vum organisatoresche Standpunkt aus kaum méi kamoud a manner opwänneg si wéi elo.


Mam « tiers payant généralisé » sinn op den zweete Bléck allerdéngs eng ganz Rëtsch Risike fir Iech verbonnen. Dëst besonnesch, well iwwer den « tiers payant généralisé » wäert probéiert ginn ze spueren.
D’Gesondheetskeess, als verlängerten Arem vun der Politik, versicht haut scho mat alle Mëttelen, d’Medezin an eng Richtung ze lenken, wou se zwar effikass soll bleiwen, mee virun allem méiglechst bëlleg muss sinn.
Bis haut ka keen eis erklären, wéi déi staatlech Kontroll vum Gesondheetssystem an den Dokteren duerch de Gesondheetsministère an d’Gesondheetskeess eng besser Qualitéit vun der Medezin bewierke soll.


Bei der Gesondheetskeess schaffe vill Leit awer kaum Medeziner. Eng richteg medezinesch Kompetenz gëtt et do ganz einfach net.
Am Direktiounscomité vun der CNS decidéiere Salariat a Patronat wat wéi a wéini rembourséiert gëtt. Wann d’Gesondheetskeess e medezinesche Rot brauch, geet si bei de Kontrolldokter froen. D’Kontrolldoktere si Fonctionnairen, si gi vum Staat bezuelt a vertrieden hirem Patron, dem Staat, seng Interessen.


Wie bezilt, deen decidéiert!


Eng vum Staat onofhängeg medezinesch Expertise gett net gefrot.
Genau dowéinst ass et besonnesch wichteg, datt Ären Dokter fräi ass déi fir Iech beschte Behandlung kennen ze proposéieren. An datt Dier als Patient d’Kontroll doriwwer behaalt, andeems der ären Dokter fräi wielt a fir seng Leeschtung bezuelt. Wann Dier als Patienten d’Fräiheet vun der Selbstbestemmung an äre Gesondheetsfroe behale wellt, däerft der de Staat, vertrueden duerch d’Gesondheetskeess, net zum Bezueler maachen ! Äert Selbstbestemmungsrecht a Gesondheetsfroe gett schonn haut vun der Kees reegelméisseg a Fro gestallt. « Den tiers payant généralisé » wier d’Eskalatioun am Senn vun enger progressiver Entmendegung vun Iech als Patient.
Dir frot Iech bestemmt, wéi d’Verwaltung, d’Kees oder d’Politik d’Behandlungschance vir Iech aschränke kennen? Zu deser Fro gläich e puer Äntwerten:


1. Iwwert de Wee vu limitéierte Ressourcen:
Ee gutt Beispill sinn d’IRMen: D’Politik huet sech dergéint gewiert, fir nei IRM-Maschinnen ze autoriséieren, obwuel Letzebuerg am internationale Vergläich éischter schlecht do steet. Dofir musse vill Patienten haut laang op hire Rendezvous waarden.
Een anert Beispill sinn d’Urgencen : d’Politik huet laang de Problem vun iwwerfellten Urgence guer net ugepaakt. D’Konsequenz ass, datt vill Patienten a schwierege Konditioune mussen iwwerdriwwe laang an den Urgence waarden.


2. Iwwert de Katalog vu Leeschtungen, déi den Dokter Iech, de Patienten, ubidde kann an däerf.
D’Dokterschaft huet elo schonn eescht Problemer mat deem Katalog vu Leeschtungen, iwwer deen d’Verwaltung, d’Politik an de Minister entscheeden, eens ze ginn a probéiert oft un der Grenz vun der Legalitéit, Iech nach dat unzebidde wat Dir braucht. Sou as et dass Dir net méi kritt wat Dir braucht an dat ass fir eis elo schon net méi akzeptabel.


3. Iwwert d’Eegebedeelegung, déi Dir bezuele musst, fir eenzel Medikamenter oder Leeschtunge kennen ze kréien.
D’CNS entscheet ganz eleng wéi héich d’Bedeelegung vun Iech ass a kann esou den Zougang zu verschiddene Leeschtungen aschränken. Ee Beispill: D’Pell gett bis 30 Joer rembourséiert, duerno mussen d’Patientinne selwer bezuelen.


4. Iwwert den « tiers payant généralisé »:
Matt deem Instrument hätt d’Kees d’Doktere komplett an der Hand. D’Kees bezilt den Dokter a bestemmt sou, nach méi staark wéi bis elo, wat hie maachen däerf a wat net. Deementspriechend hu dir als Patient och net méi d’Méiglechkeet, mat ärem Dokter zesummen är Behandlung ze bestemmen. D’Kees bezilt, an wie bezilt, deen decidéiert! D’Onofhängegkeet vum Dokter an d’Selbstbestemmungsrecht vum Patient sinn deemno richteg a  Gefor. Den Dokter däerf net zum Befehlsempfänger vun der CNS ginn, de Vertrauensdokter däerf net zum verstoppte Kontrolldokter ginn!


Léif Patientin, léiwe Patient, mir wëlle keng Staatsmedezin !


D’Politik huet decidéiert, datt d’Zuel vun den IRMe limitéiert bleiwe soll. Aus reng wirtschaftleche Grënn.
An et ass op Drock vun Iech Patienten, zesumme mat eis Dokteren, wou elo dann awer entscheet ginn ass, datt nei Apparate kommen; wann och nach laang net genuch.
Nëmmen zesumme kenne mer d’Politik iwwerzeegen, datt d’medezinesch Interesse vum Patient iwwert deene wirtschaftleche vun der Gesondheetskeess stinn.
An der Gesondheetskeess decidéiere d’Syndikater an de Patronat, ob si 80 oder 90 % vun ärer Consultatioun rembourséieren, bis wéi en Alter d’Pëll bezuelt gëtt, ob ee liewenswichtege Bluttverdënner just nach vum Kardiolog ka verschriwwe ginn, oder ob e wierksamt Medikament géint d’Arthrose iwwerhaapt net méi bezuelt gëtt.
Den Rot vun der Dokterschaft oder vum Patient gëtt do net gefrot, just dee vum Kontrolldokter, vun deem mer jo wëssen, datt et net seng Aufgab ass, am Interesse vum eenzelen an individuell betraffene Patient ze schaffen.
Et si Politiker a Bürokraten, déi decidéieren, wéi vill Better an de Kliniken däerfe sinn a wéi vill Infirmièren sech em d’Patiente këmmeren.
Et ass d’Politik, déi decidéiert, datt verschidde Laboratoiren Analysen net dierfe maachen an datt de Staatslaboratoire de Monopol behält. Dass Dier als Patient e puer Wochen op e wichtegt Resultat musst waarden, ass der Politik egal.


D’Fonctionnairen an d’Ekonomisten hunn elo schonn e ganz groussen Impakt op är Gesondheet. Dobäi hunn an der ganz spezieller Relatioun tëscht Patient an Dokter Politiker, Ekonomisten a Bürokraten näischt verluer. Dier vertraut eis Dokteren är Gesondheet an heiansdo souguer Äert Liewen un. Eis Aarbecht ass et, iech gesond ze halen, oder ze hëllefen, et nees ze ginn. Do geet et net em Spueren. D’Doktere musse fräi si vun ekonomeschen Zwéng fir kenne fir Iech do ze sinn. No beschtem Wëssen a Gewëssen.


Dofir wiere mir eis géingt den « tiers payant généralisé ». Et geet em Iech an em Är Gesondheet.

 


Association des Médecins et Médecins-dentistes: extrait des statuts définis en 1961 :
Article 4 : L’association a pour objet :
a) d’assurer par tous les moyens appropriés et dans l’intérêt supérieur du malade, le respect des principes
fondamentaux d’une médecine libre et humaine, à savoir :
• indépendance professionnelle du médecin,
• libre choix du médecin par les malades,
• secret professionnel,
• liberté des prescriptions (...)

ammd-logo

Articles similaires